Wéi gesäit et mam Auslaf vum Abonnement aus?
Den Oflaf vun Ärem Abonnement soll fir Iech net iwwerraschend kommen. Dofir erënnere mir Iech 90 Deeg, 60 Deeg, 30 Deeg, 7 Deeg an 3 Deeg virum Oflaf vum Abonnement per E-Mail doriwwer, dass Äert Abonnement gläich ofleeft. Esou sollt Dir den Datum net verpassen an dir gitt drun erënnert, dass Är Donnéeën nach op eise Servere gespäichert sinn.
Wann Dir Äert Abonnement virum Oflafdatum verlängert, gëtt Äert Abonnement ëm déi Unzuel u Jore verlängert, déi dir nei abonéiert hutt. Dir verléiert déi verbleiwend Zäit vun Ärem aktuellen Abonnement NET.
No dem Oflaf vun Ärem Abonnement kritt Dir nach eng lescht E-Mail mat der Informatioun, dass Är Rettungssäit desaktivéiert gouf. Dir hutt weiderhin ageschränkten Zougrëff op Äre Kont. Dir wäert beispillsweis ëmmer an der Lag sinn, Äre Kont an all Är Donnéeën ze läschen. Dir wäert allerdéngs net méi an der Lag sinn Är medezinesch Donnéeën ze gesinn oder ze beaarbechten.
Wann Dir wëllt, dass mir Äert Abonnement automatesch verlängeren, ass follgend Säit fir Iech relevant: Wéi funktionéiert d'Abonnement an d'automatesch Verlängerung?