Dateschutzreegelung fir Benotzer vun der Rettungssäit
QR-Help späichert véier Aarte vun Donnéeën. An der folgender Iwwersiicht gesitt Dir eng kuerz Zesummefaassung vun den Donnéeën, déi vun eis iwwert d’Benotzergrupp vun de Benotzer vun der Rettungssäit gespäichert ginn. Bedenkt wann ech gelift, dass fir Benotzer vun eisen Internetsäiten a registréiert Benotzer aner Reegelunge gëllen. Wann dës Benotzergrupp net op Iech passt, da wielt wann ech gelift hei eng aner aus.
Iwwersiicht
Kontaktdonnéeën
Noutfallinformatiounen
Protokoller vum Server
Wat fir eng Donnéeë gi gespäichert?
- URLe vun de Säiten
- Statusse vun de Säiten
- Datum & Auerzäit
- IP-Adress
- Aner wichteg technesch Donnéeën
Wat ass de Grond fir dës Späicherung vun Donnéeën?
- Op Ugrëffer op d’Infrastruktur reagéieren
- Feeler am System fannen
Ween huet Accès op dës Donnéeën?
- Mataarbechter vu QR-Help
Wéini ginn dës Donnéeë geläscht?
- Innerhalb vun de gesetzleche Fristen
Verfolgungsdonnéeën
Wat fir eng Donnéeë gi gespäichert?
- IP Adress (anonymiséiert)
- Metadaten (Datum, Zäit)
- Ausgewielte Sprooch
Wat ass de Grond fir dës Späicherung vun Donnéeën?
- De Benotzer doriwwer informéieren, dass seng Rettungssäit opgemaach gouf an dass seng Donnéeën iwwerdro goufen.
Wéi ginn d’Donnéeë verschafft?
- D’IP-Adress gëtt anonymiséiert.
Ween huet Accès op dës Donnéeën?
- De Benotzer deem seng Rettungssäit opgemaach gouf.
- Mataarbechter vu QR-Help
Wéini ginn dës Donnéeë geläscht?
- No der Läschung vum Benotzerkont
Weider Informatiounen
Am Géigesaz zu de Benotzer vun den Internetsäiten an de registréierte Benotzer, déngen d’Tracking-Donnéeën déi iwwert d’Benotzer vun der Rettungssäit gesammelt ginn net de statisteschen Zwecker, mee dem Schutz vun der Privatsphäre vum Benotzer, deem seng Rettungssäit opgeruff ginn ass.