Dateschutz

Ee vun eise gréisste Schwéierpunkte läit am Beräich vum Dateschutz an der Privatsphäre. Mir wëllen, dass Är Donnéeën absolut sécher sinn an, dass Är Privatsphäre zu all Moment garantéiert ass. Aus dësem Grond gi mir mat gréisster Suergfalt mat Ären Donnéeën ëm.

Well mir eise Sëtz an der Europäescher Unioun hunn (an all eis aktiv Benotzer an dëser wunnen), befollege mir d'Europäesch Dates­chutz­direktive (DSGVO/RGPD; Veruerdnung 2016/679).

An dësem Abschnitt fannt Dir Informatiounen, doriwwer (i) wat fir eng Donnéeën, dass mi späicheren, (ii) fir wat, dass mir dës Donnéeë späicheren, (iii) wéi mir dës Donnéeë verschaffen, (iv) wien d'Donnéeë gesäit, (v) wéini d'Donnéeë geläscht ginn an (vi) wat eis allgemeng Grondsätz zu der Veraarbechtung vun Donnéeë sinn. Doriwwer eraus informéiere mir Iech iwwert Är Rechter, déi Iech duerch d'Europäesch Date­schutz­direktive zoustinn.

Am Resumé:

  • Mir späicheren nëmmen déi noutwenneg Informatiounen.
  • Mir ginn Är Donnéeën net un Drëtter weider (ausser Äre QR-Code gëtt gescannt oder a Fäll an deene mir gesetzlech oder geriichtlech dozou gezwonge sinn).
  • Mir benotzen Är Donnéeën net fir Werbezwecker.
  • Mir analyséieren Är Noutfallsin­for­ma­ti­ounen net.
  • Mir späicheren a benotzen nëmmen Donnéeën, déi vun Iech perséinlech ugi goufen.
  • Mir benotzen déi neisten Technologië fir déi héchste Sécherheets­standarden ze erfëllen an d'Sécherheet, d'Integritéit an d'Disponibilitéit vun Ären Donnéeën ze garantéieren.
  • Mir iwwermëttele keng Donnéeën an Drëttlänner (Länner ausserhalb vun der Europäescher Unioun).
Dëst ass nëmmen eng Iwwersiicht. Kuckt ënne fir weider Informatiounen.

D'DSGVO/RGPD garantéiert Iech als Besëtzer vun den Donnéeën ënnert aneren d'Recht

  • iwwert all Veraarbechtung vun den Donnéeën informéiert ze ginn (Art. 12-14)
  • op een Zougang zu den Donnéeën (Art. 15)
  • Är Donnéeën ze verbesseren (Art. 16)
  • Är Donnéeën ze läschen (Art. 17)
Dëst ass nëmmen een Iwwerbléck. Kuckt Iech de Gesetzestext vun der DSGVO/RGPD un, fir iwwert alles informéiert ze ginn.

Mir, als Ver­ant­wort­lecher vum der Veraarbechtung vun Ären Donnéeë, wäerten:

  • Iech bei der Ausübung vun Äre Rechter ënnerstëtzen. Frot eis, wann Dir Froen oder een Uleies hutt.
  • Iech déi noutwenneg Outilen zur Verfügung stellen, fir Är Rechter auszeüben.
  • Iech iwwert all Dateschutzverletzung nom Artikel 34 informéieren.
  • der DSGVO/RGPD op héchstem Niveau follegen.

Wielt dee Grupp zu deem Dir gehéiert. Dir kritt da weider Informatiounen zu Ärem perséinleche Fall.

Läscht Aktuali­séie­rung vun dëser Säit: 30/08/2019