Iwwer eis
QR-Help ass ee System, deen 2013 vun engem klengen Team vun der gemengnëtzeger lëtzebuergescher Hämophilie Associatioun (ALH a.s.b.l.) agefouert gouf. Et gouf domat ugefaangen, de Membere vun der ALH eng Verbesserung vun de konventionelle SOS-Kapselen unzebidden. Spéider dann, ass d’Offer allgemeng zougänglech gemaach ginn.
QR-Help ass onofhängeg vu Krankekeesen, staatlechen Institutiounen oder anere finanziell interesséierte Persounen. Fir eis besteet den eenzegen Zweck vun der Initiative do dran, dozou bäizedroen, dass Mënscheliewe gerett ginn. Dëst hu mir, wéi eis verschidde Benotzer wësse gedoen hunn, schonn erreecht a mir setzen alles drun, dass dëst och an Zukunft wäert de Fall sinn.
Eis Equipe
Loïc Beurlet
- Manager vum Projet
- Architekt vum System
- Entwéckler
Sam Thilmany
- Designer
- Entwéckler
Luc Beurlet
- Iddi
- Rechtleches
- Finanzen
Dr. med. Caroline Marx
- Medezinesch Ënnerstëtzung
Extern Iwwersetzer:
- Marc Aardoom (Hollännesch)
- Alexandra Da Silva Gouveia (Portugisesch)
- Darek Kurowski (Polnesch)
- Chantal Lorang (Spuenesch)
- Damiano Tolazzi (Italienesch)
- Tzvetomir Tzvetkov (Bulgaresch)
- Oxana Zbarakh (Russesch)
Downloaden
- Flyer (Lëtzebuergesch) Eroflueden
- Flyer (Français) Eroflueden
- Flyer (Deutsch) Eroflueden
- Flyer (English) Eroflueden
Don
Well mir ee Service vun enger éierenamtlecher Organisatioun sinn, sinn eis finanziell Mëttele fir den Developpement vum Projet staark limitéiert. Wann Dir eis ënnerstëtze wëllt, géinge mir ee klengen Don immens begréissen. Dir kënnt souwuel iwwert PayPal wéi och iwwert eng Bankiwwerweisung spenden. Mir soen Iech schonn elo villmools Merci am Viraus.
Ënnerstëtzt eis