Sécherheet

Sécherheet vum System

De System vum QR-Help gëtt vun eis selwer geschriwwe fir deen héijen Dateschutz ze garantéieren. Mir späichere keng Passwierder am Kloertext, mee benotze speziell Hashing Algorithmen. Äert Passwuert gëtt all Kéier kodéiert, wann Dir et agitt.

Mir si vollstänneg géint XSS Ugrëffer, CSRF Attacken, SQL Injektiounen, Brue-Force Attacken a villes méi geschützt.

All eis Systemer benotzen déi neiste Software a gi reegelméisseg aktualiséiert.

Sécherheet vun de Serveren

Eis Servere sinn extrem sécher. Si befanne sech an Däitschland an engem vun de gréisste Rechenzenteren aus Europa. Mir profitéiere vu redundante Verbindungen zum Internet an zum Stroumnetz, redundanten USV-Systemer (Unter­brechungs­freie Strom­versorgung), Diesel-Nout­stroum­system, modernem Brandsystem, Hardware-DDos-Schutz (Distributed Denial-of-Service-Ugrëffer) a 24/7 Héich­sécherheets-Video­iwwerwaachungs­system. Dëst alles déngt dozou, Är Donnéeën ze schützen an dozou ze suergen, dass QR-Help ëmmer online ass, fir Iech ze ënnerstëtze wann Dir et braucht. (Apropos Server, all eis Servere sinn extrem effizient a gi mat Energie aus erneierbare Quelle bedriwwen.)

TSL-Verschlësselt Verbindung

D'Verbindung tëschent Ärem Browser an eise Serveren ass vollstänneg mat engem TLS-Certificat an engem 2048-Bit ëffentlechem Schlëssel vu Let's encrypt verschlësselt.

Dëst bedeit, dass all d'Informatiounen, déi Äre Browser verloossen nach op Ärem Computer verschlësselt ginn an nëmmen op eise Serveren entschlësselt kënne ginn. All d'Informatiounen déi eis Servere verloossen, gi genee esou verschlësselt an eréischt op Ärem Computer entschlësselt.

Mir späichere keng Donnéeë vun Äre Kreditkaarten

Well mir nëmme Bezuelungen iwwert eng Bank­iwwerweisung oder per PayPal acceptéieren, späichere mir keng Donnéeë vu Kreditkaarten. All d'Informatiounen, déi Dir wärend der Bezuelung agitt, gi vertraulech op de PayPal Servere behandelt

Gitt méi iwwert d'rechtlech Bestëmmunge vu PayPal gewuer.

E-Mailen

All eis E-Maile ginn iwwert eng @qr-help.com E-Mail-Adresse verschéckt. Mir maachen dëst, fir dass Dir iwwerpréiwe kënnt, ob d'E-Mail tatsächlech vun eis ass.

An eisen E-Maile gitt Dir ëmmer mat Ärem vollstännegen Numm ugeschwat. Mir froen Iech net no perséinlechen Informatiounen an zwéngen Iech net op ee Link ze klicken (mat der Ausnam vun enger Ufro fir d'Passwuert zréck ze setzen).