All d’Nouvellen
28/02/2021

Dag vun de seelene Krankheeten

👨🏻‍⚕️ Haut ass den internationalen Dag vun de seelene Krankheeten.

📢 Als Service vun der Association Luxembourgeoise des Hémophiles wëlle mir Iech haut op d’seele Krankheeten opmierksam maachen.

ℹ️ Seele Krankheete maachen de Betraffenen d’Liewe oft ganz schwéier. D’Diagnose ginn oft eréischt no Joeren gestallt, d’Therapieméiglechkeete si gewéinlech begrenzt an d’Medikamenter sinn deier.
ℹ️ Seele Krankheete si Krankheeten, vun deene manner ewéi 1 Mensch op 2000 Mensche betraff ass. Oft si se nach wäitaus méi seelen.
ℹ️ Bis elo goufen iwwert 6000 verschidde seele Krankheeten identifizéiert.
ℹ️ All 20. ass vun enger seelener Krankheet betraff oder wäert et am Laaf vu sengem Liewe sinn. Wahrscheinlech kennt och Dir ee Mensch, deen dëst Schicksal mat sech dréit.
ℹ️ Opgrond vun der Seelenheet dauert eng korrekt Diagnose oft vill Joeren an en plus gëtt et bei ronn 95% vun de seelene Krangkeeten keng Therapie.

🚨 Fir Är Symptomer a Kierperfunktiounen an engem Noutfall richteg anzeschätzen, kann et fir déi behandelend Doktere wichteg sinn, iwwert Är seele Krankheet informéiert ze ginn. Zéckt also net, dés wichteg Informatioun an Ärer medezinescher Akt vum QR-Help ze hannerleeën.

🖥 Fir weider Informatiounen kënnt Dir Iech bei der ALAN oder der EURODIS renseignéieren.

Rare Disease Day